Est-ce que quelqu'un parle le luxembourgeois pour me traduire un texte pour un ami ?
Merci d'avance
Voici le texte:
Eise Client, eng grouss an traditionsraïch lëtzebuerger Gesellschaft, zu där hirer
Firmephilosophie ënner anerem e laangfristegt Plangen an Handele gehéiert, sicht en
Associé / Chef d'entreprise
Är Aufgab :
An enger éischter Phase iwwerhuel Dir déi operationell Leedung vun enger Geschäftsaktivitéit. Dir sidd ënnert anerem haaptverantwortlech fir d’Personalféierung,
Strategien a d’Budgete vun ärem Beräich a wuesst iwwert dee Wee mëttelfristeg an d’Aktionariat.
Äre Profil :
Dir sidd am Idealfall zwëschent 35 a 45 Joer al, hutt eng zolidd technesch Ausbildung
a bléckt op eng virbildlech Carrière a leedender Funktioun zeréck. Dir schwätzt all
déi hei am Land geleefeg Sproochen an hat ëmmer nach de Wonsch, äer berufflech
Zukunft selwer an d‘Hand ze huelen. Dir sidd vun ärer Perséinlechkeet hir e Leader an
hutt Visiounen a Spaass drun, un der Realiséierung vu gemeinsamen Objektiver mat
ze schaffen.
Fir en éischten informellen an honnertprozenteg diskrete Kontakt adresséiert Iech
wann ech gelift un den Yves Meijer um Nummer 691 677 709.
Mir garantéieren all eise Gespréichspartner eng absolut Diskretioun virun a während
dem Astellungsvirgang.
Ce n'est pas de l'allemand. C'est un dialecte luxembourgeois.
Mais si ton ami ne comprend pas la langue, c'pas la peine de contacter l'entreprise je crois
Vous allez répondre sur un sujet resté inactif pendant plus de 6 mois. Assurez-vous d'apporter des éléments nouveaux à la discussion avant de poursuivre.